D’Ouverture vun der Kantin gëtt ëmmer op der Facebook Säit vun eiser Kantin annoncéiert.

De Link fënns de hei:

Kantin AACSPL Facebook Säit

Adress:
276 rue du Rollingergrund, L-2441 LUXEMBOURG


Mir hunn am Rolléngergronn eisen Sall.

Dësen huet direkt e puer Funktiounen.

En dingt eis als Sall fir eis Comitésversammlungen, mee awer och an dat ass vill méi wichteg, als Kantin fir eis Memberen an hier Famill.

Dofir maachen mir d’Kantin sou oft et geet Freides oder Samsdes op.

Do kënnen mer eis dann alleguer zesummen treffen an flott Stonnen mateneen verbréngen.

Eng Partie Kicker, eng Partie Monopoly, Kaart oder einfach nëmmen zesummen setzen an mateneen schwätzen.

Natierlech sinn och är Kanner, egal wéieen Alter wëllkomm! Dofir hunn mer e klengen Spilleck ageriicht, domatt et hinnen net langweileg gëtt, an och si eng schéin Zäit bei eis am Sall verbréngen kënnen 🙂

Souguer fir de klengen Honger zwëschenduerch ass gesuergt mat Dan’s Snacks.

Mir hoffen datt mer iech bei eis am Sall begréissen kënnen.