D’AACSPL asbl huet fir Chrëschtdag 2020 den Friddenszaldoten déi an enger Missioun waren, Päk geschéckt, fir hinnen ze weisen datt se net vergiess sinn, an mir houffreg op se sinn.

Dës Päck waren gefëllt mat engem klengen Kado (eng Beenposch), e puer Gadgeten vun der AACSPL (een Patch an e Bic) a ganz ville Schneekegkeeten, wou mer Verschiddener gespend kruten.

D’Luxlait huet 56 Päk Kichelcher gestëft.

D’Eppelpress huet 28 Glieser Gebeess gestëft.

Apizoller hunn 28 Glieser Kordaller Hunneg gestëft.

D’Famill Eberhardt-Mossong huet 84 kleng UHT Mëllechen vun der Luxlait gestëft.

D’Famill Barthel-Thommes huet 28 Päk Seeberger Studentenfutter, 28 Päk Lotus Speculoos, 28 Päk Weiss Pfeffernüsse, an 28 Päk Nescafé gestëft.

1 groussen lëtzebuerger Traditiounsbetrieb, deen anonym bleiwen wëll, huet eis och mat Schneekegkeeten ënnerstëtzt.

D’AACSPL seet iech alleguer vu ganzem Häerzen Merci fir ären léiwen Don!